D'Fra Holle

E fläissegt Meedchen fält an e Pëtz a schafft bei der Fra Holle, déi hir Fiederbetter schëddelt, bis et op der Welt schneit. Seng fail Schwëster wëll och Gold, mee si kritt eppes ganz anescht.

Et war eemol eng Fra, déi hat zwee Meedercher. Dat eent war fläisseg a frëndlech, dat anert war fail a gemittlech. Mee d'Mamm hat hiert eegent, failt Meedchen vill méi gär, an dat fläissegt Meedchen huet missen all d'Aarbecht am Haus eleng maachen. All Dag huet et dobaussen um Pëtz gesponnen. Enges Daags ass him d'Spull aus der Hand gerutscht, a plomp, an de Pëtz gefall. „Du hues se falegelooss, da hol se och erëm erop!“ D'Meedchen huet sech ze wäit iwwer de Pëtz gebéckt an ass eragefall, déif, déif erof. Wéi et d'Aen erëm opgemaach huet, louch et op enger wonnerschéiner Wiss voller Blummen.…