D'Mélusina

De Ritter Sigfrid begéint déi wonnerschéi Mélusina um Bock a verspréicht hir eppes. Eng zauberhaft Legend iwwer den Ufank vu Lëtzebuerg.

Et war eemol e Ritter, deen huet Sigfrid geheescht. Enges Owes ass hie laanscht d'Uelzecht geridden, bis bei e grousse, steile Fiels: de Bock. Do huet hien e Gesang héieren, esou fein wéi Sëlwer. „Fléiss, klenge Floss, fléiss lues a roueg…“ Um Waasser, op engem Steen voller Moos, souz eng Fra mat laange, gëllenen Hoer: d'Mélusina. „Wien bass du, déi esou schéi séngt?“ „Ech heesche Mélusina. De Floss ass mäi Doheem.“ De Sigfrid huet sech op der Plaz verléift. „Mélusina, wëlls du meng Fra ginn?“ „Jo! Mee all Samschdeg muss ech eleng sinn. Versprich mer, ni ze kucken.“ „Ech verspriechen et. Op…