D'Stäredaler
E klengt Meedchen, dat bal näischt huet, deelt alles mat deenen, déi frieren a Honger hunn. Du falen d'Stären als Sëlwerdaler vum Himmel.
Et war emol e klengt Meedchen, dat ganz eleng op der Welt war. Et hat näischt méi wéi d'Kleeder, déi et unhat, an e Stéck Brout an der Hand. Mee säin Häerz, dat war gutt. Um Wee koum en ale Mann. „Ech hu sou Honger.“ „Hei. Fir dech.“ An d'Meedchen huet him säi Stéck Brout ginn. E bësse méi wäit souz e Kand, dat gefruer huet. „Mäi Kapp ass sou kal.“ Do huet d'Meedchen him seng Kap ginn. Engem anere Kand huet et säi Jäckelche ginn, an engem drëtte säi Mäntelchen. Wéi et an de Bësch koum, war et schonn däischter Nuecht. Do stoung nach e Kand, dat gefruer huet. An d'Meedchen huet him och säi…