De Froschkinnek
Eng kleng Prinzessin verléiert hire gëllene Ball am Buer. E Fräsch hëlt en erop, wann si him verspriecht, seng Frëndin ze sinn. Mee hält si och hiert Wuert?
Et war eemol eng kleng Prinzessin, déi hat e gëllene Ball, an dee Ball hat si méi gär wéi alles op der Welt. Wann et waarm war, huet si am Bësch beim kille Buer mat hirem Ball gespillt. Si huet de Ball héich an d'Loft geheit, mee dës Kéier ass en hir aus den Hänn gerutscht, a plätsch! direkt an d'Waasser, déif, déif erof. „Mäi Ball! Mäi schéine gëllene Ball!“ „Firwat kräischs du dann, Prinzessin?“ „Ech hollen en dir erop. Mee wat kréien ech dofir?“ „Alles, wat s du wëlls! Meng Pärelen, meng gëlle Kroun!“ „Dat brauch ech net. Mee wann s du meng Frëndin bass, wann ech bei dir um Dësch sëtzen an…