De Renert an den Hunn

De Renert schmeechelt dem stolzen Hunn Chanteclair, bis dee mat zougemaachten Ae séngt. Mee de Chanteclair ass méi schlau, wéi de Fuuss mengt. Eng Geschicht nom Michel Rodange.

Op engem klenge Bauerenhaff huet eemol en Hunn gewunnt, deen huet Chanteclair geheescht. Hien hat e roude Kamm, glänzeg Fiederen an eng Stëmm, op déi hien immens stolz war. All Moien ass hien op déi al Mauer geklommen, huet d'Aen zougemaach a gesongen: „Kikeriki! Kikerikiii!“ An d'ganzt Duerf gouf wakreg. Mee hannert der Heck louch een op der Lauer, mat engem roude Schwanz a spatzen Oueren: de Renert. „Mmm. Esou e feinen, décken Hunn. Dee géif mer gutt schmaachen.“ Ganz frëndlech ass de Renert bei d'Mauer getrëppelt. „Gudde Moien, léiwe Chanteclair! Wat hues du eng wonnerschéi Stëmm! Däi Papp…