De Schouschter an d'Wichtelmännercher
All Nuecht maache kleng Wichtelmännercher dem aarme Schouschter seng Schong fäerdeg. Zum Merci néien hien a seng Fra hinne wënzeg kleng Kleeder.
Et war eemol e Schouschter, dee war fläisseg an éierlech, mee hie war ganz aarm. Enges Owes hat hien nach just genuch Lieder fir een eenzegt Paar Schong. Hien huet d'Lieder virsiichteg zougeschnidden an op den Dësch geluecht. „Muer de Moie maachen ech se fäerdeg. Elo gi mir schlofen.“ An hien a seng Fra sinn an d'Bett gaangen. Den nächste Moien huet hie sengen Aen net getraut: um Dësch stoung e Paar Schong, esou schéin an esou fein, all Stéch esou riicht wéi e Lineal! „Fra! Kuck emol! Wien huet dat gemaach?“ „Dat sinn déi schéinste Schong, déi ech jee gesinn hunn!“ Nach deeselwechten Dag koum…