De Wollef an déi siwe Geessecher
De Wollef probéiert mat aller Gewalt, bei déi siwe Geessecher eranzekommen. Si verstoppe sech, a mat hirer Mamm jeeë si hien zesumme fort.
Et war eemol eng al Geess, déi hat siwe kleng Geessecher, a si hat se all ganz gär. Enges Daags wollt si an de Bësch goen, fir Fudder ze sichen. „Meng Léifsten, maacht dem Wollef d'Dier net op! Hien huet eng rau Stëmm a schwaarz Patten.“ „Mir passen op, Mamm! Mäh!“ Geschwënn huet et un d'Dier geklappt. „Maacht op, meng léif Kanner! Är Mamm ass do.“ „Du bass net eis Mamm! Eis Mamm huet eng fein Stëmm. Du bass de Wollef!“ Du ass de Wollef an de Buttek gelaf, huet e grousst Stéck Kräid giess, fir datt seng Stëmm fein gëtt. „La-la-laaa! Elo kléngen ech wéi eng richteg Mamm.“ Hien huet erëm…