De Renert um Kinneksgeriicht
Bier, Hunn a Wollef beschwéiere sech beim Kinnek Léiw iwwer de Renert. Mee de schlaue Fuuss schwätzt sech mat vill Charme eraus. Eng Geschicht nom Michel Rodange.
Un engem schéine Pëngschtdag huet de Kinnek, de grousse Léiw, all d'Déieren op säi Schlass geruff. Si sinn all komm: grouss a kleng, mat Fiederen a mat Fell. Just een huet gefeelt: de Renert. An dunn ass et lassgaang mat de Kloen: fir d'éischt de Bier, dunn den Hunn Chanteclair an zum Schluss den Isegrim, de Wollef. „Majestéit! De Renert huet mech mat Hunneg an e Bamstamm gelackelt. Meng Nues ass nach ëmmer rout!“ „A mech huet hie geklaut, matzen a mengem schéinste Lidd!“ „A mir huet hie gesot, ech soll mäi Schwanz an de gefruerene Weier hänken, fir Fësch ze fänken. Déi ganz Nuecht souz ech…